FAGE: Gutt vum Dësch! Fernand Kartheiser VS Wirtschaftsminister!

D’ADR war vun Ufank un skeptesch datt de Projet FAGE Realitéit gëtt a sollt um Enn Recht behalen! Den Industrie-Terrain zu Beetebuerg muss elo sënnvoll genotzt ginn!

Den onsënnege Projet vun enger Jughurtsfabrick zu Beetebuerg ass definitiv vum Dësch. Et ass och schonn e Compromis ënnerschriwwe fir datt den Terrain nees an d’Hänn vum Lëtzebuerger Staat zeréckgeet, fir dee Präis, deen och Fage dem Staat bezuelt hat. Dat war haut an der Chamber d’mëndlech Äntwert vum Wirtschaftsminister op zwou dréngend parlamentaresch Froe vun ADR an CSV zu deem Thema.

D’ADR war vun Ufank u géint de Projet Fage zu Beetebuerg. Dës Jughurtsfabrick mat hirem enorme Waasserverbrauch, der grousser Gefor fir d’Ëmwelt a besonnesch der Belaaschtung vun der Uelzecht an deem ze erwaardenden héije Camionsverkéier an enger Géigend wou scho vill Staue sinn, war als Projet einfach net zäitgemäss. Fage ass domat d’Beispill, wéi Wuesstem net soll sinn: Manner nohalteg kann een net plangen.

Wat d’Prozedur méi laang gedauert huet, wat och méi Onreegelméissegkeeten op den Dësch komm sinn. Dat goung vun engem verfréiten Terrainsverkaf un déi griichesch Firma, iwwer steierlech Montage mat fiktive Consultante bis zu Kanalisatiounsaarbechten, déi zu Laaschte vum Staat gaange wären, obwuel si de Kader vu renger Viabilisatioun gesprengt hätten. Während der Prozedur huet d’ADR dës Ongereimtheeten e puer mol ugeschwat an d’Regierung virun hir Verantwortung gestallt.

D’ADR ass frou, datt deen onsënnege Projet vum Dësch ass an datt all Leit, déi sech dergéint ausgeschwat hunn, recht kréien. D’ADR erënnert awer och un dat falscht Spill vun deene Gréngen, déi der Firma op nationalem Plang d’Geneemegungen am Ëmweltministère ausstellen an op lokalem Plang an der Gemeng Beetebuerg géint de Bau proadréieren, grad wéi d’DP. An och den Diddelenger Buergermeeschter, dee sech fir de Projet ausgeschwat hat, huet heimat jo onrecht kritt.

ADR-Pressematdeelung vum 22. September 2020

 

 

Deel dëse Post: