Europa huet keng Äntwert op wichteg Froen

An der Chamber war de 27. Juni de President vum Europaparlament, Antonio Tajani, op Besuch. Geleeënheet fir d’Deputéierter, him Froen ze stellen. Am Numm vun der ADR huet de Fernand Kartheiser zwou Froe gestallt.
Hie wollt wëssen, wat den Här Tajani vun de Bestriewunge vum Europaparlament a vun der Kommissioun hält, sech nei Kompetenzen, nei Rechter an nei Domänen unzëeegnen, an zwar als Äntwert op de Brexit an op wuessend EU-Skepsis, ouni déi aktuell Verträg ze änneren.
Zweetens wollt den ADR-Deputéierte wëssen, op d’europäesch Spëtzt de Vëlker vun Europa esou wéineg géing trauen, datt si Angscht hätt, si ëm hir Meenung ze froen.
Zwou Froen, op déi de President vum Europaparlament nëmmen zimmlech auswäichend wollt äntweren.

Deel dëse Post: