D’EU-Entbëschungsveruerdnung (EUDR) stellt landwirtschaftlech Betriber virun nei, komplex administrativ Erausfuerderungen. Fir verschidde Produzenten – besonnesch am Holz- a Landwirtschaftssecteur – bréngt d’Sorgfaltserklärung eng Rei u weideren Dokumentatiouns- a Meldepflichte mat sech.
An enger parlamentarescher Fro un d’Landwirtschaftsministesch freet den ADR-Deputéierte Michel Lemaire, wéi d’Regierung mat dësen neien Ufuerderungen ëmgoe wëll a wéi eng Entlaaschtung fir d’Betriber an der Praxis wierklech séchergestallt ka ginn. Hien ënnersträicht dobäi, datt d’Regierung gläichzäiteg en neien „Bevollmächtegten“ aféiere wëll, dee bei de Prozeduren ënnerstëtze soll – e Schratt, dee wierklech zu manner Komplexitéit féiert?
Cliärref, den 8. Dezember 2025
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Landwirtschaftsminister weiderzeleeden.
D’Ëmsetzung vun der Sorgfaltserklärung am Kader vun der EU-Entbëschungsveruerdnung (EUDR) bréngt fir vill landwirtschaftlech Betriber bedeitend nei Dokumentatiouns- a Meldepflichte mat sech. Parallel dozou huet d’Regierung ugekënnegt, e „Bevollmächtegten“ schafen ze wëllen, fir d’Betriber an dëse Prozeduren ze ënnerstëtzen. An der Gesamtbetruechtung stellt sech d’Fro, ob dës Entwécklungen tatsächlech am Sënn vun enger administrativer Entlaaschtung sinn oder éischter op eng weider Komplexitéit hindeiten.
An dësem Kontext hätt ech follgend Froen:
-
- Wéi evaluéiert d’Regierung déi administrativ Ufuerderungen, déi duerch d’EUDR-Sorgfaltserklärung entstinn a wéi gëtt séchergestallt, datt dës Prozedure fir landwirtschaftlech Betriber an der Praxis ëmsetzbar a verhältnisméisseg bleiwen?
- Wéi eng konkret Funktioun a juristesch Roll soll de geplangten „Bevollmächtegten“ iwwerhuelen a wéi wëll d’Regierung verhënneren, datt dësen neie Mechanismus net zu zousätzleche Käschten oder enger weiderer Bürokratiséierung féiert?
- Ass d’Regierung bereet, sech op europäeschem Niveau fir Vereinfachungen an technesch Upassungen anzesetzen, falls sech erausstellt, datt d’EUDR an hirer aktueller Form fir déi landwirtschaftlech Betriber onverhältnisméisseg oder administrativ schwéier drobar ass?
Mat déiwem Respekt,
Michel Lemaire
Deputéierten