EU: Respekt vun de Traitéen a vum Vollek w.e.g.!

Der ADR hir Approche zu Europa ass eng realistesch, an där d’Interesse vum Land a sengem Vollek musse respektéiert a vertruede ginn. Deenen anere Parteien hir Approchë sinn deem net gläich. Am Géigesaz zur CSV, déi fir e laangfristeg federaalt Europa antrëtt, wëllt d’ADR als eenzeg Lëtzebuerger Partei d’Souveränitéit vu Lëtzebuerg net opginn an ass fir en Europa vun den Natiounen.
Bei der Orientatiounsdebatt iwwer d’Zukunft vun Europa huet den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser den 12. Juli an der Chamber dat ënnerstrach. De Fernand Kartheiser schwätzt als eenzegen dee schlechten Zoustand vun Europa un. Hie kritiséiert déi ëmmer méi streng Reegelen, fir eng parlamentaresch Diskussioun an Approbatioun ze ëmgoen. Europa soll awer net vun uewen no ënne gebaut ginn, och wann d’EU-Politiker d’Mësstraue vun de Bierger spieren a kee Referendum wëlle riskéieren.
Datt Europa an enger Kris ass, weist ënnert anerem de Brexit. D’Lëtzebuerger Regierung soll dësen endlech unerkennen, als dat wat en ass, nämlech eng demokratesch Entscheedung vum britesche Wieler, a sech seriö mat de Konsequenzen auserneesetzen. D’EU muss elo hir Depensen a Recetten iwwerdenken. Och den Euro steet an engem kritesche Liicht an et ass net onméiglech, datt d’Währung auserneebrécht, wat finanziell Konsequenze fir Lëtzebuerg hätt.
Den ADR-Deputéierte schwätzt och d’Migratiounskris un. D’Lëtzebuerger Presidence hat deemools eng Vasalleroll an huet just gemaach, wat Berlin decidéiert huet. D’Verdeele vun de Flüchtlinge schaaft ëmmer méi déif Rëss an Europa.
Wat d’Verhältnes zu Russland ugeet, soll d’Regierung, endlech decidéieren, d’Sanktioune géint Russland net weider ze verlängeren an d’Relatioun zu Russland nees ze verbesseren. De Fernand Kartheiser mengt awer, datt dat scheitert, well d’Koalitiounsparteien, besonnesch d’LSAP, sech an deem Fall net eens sinn an et u Courage feele loossen.

Deel dëse Post: