EU-Pefferkär: Luucht an déi däischter Kummer

An Zesummenaarbecht mat der ACRE, (den Numm huet geännert, dee vun der Allianz vun de Konservativen a Reformparteien an Europa), huet d’ADR e Samschdeg, den 22. Oktober am EU-Pefferkär déi däischter Kummer Europa beliischt, an där Decisioune geholl ginn déi nach laang net ëmmer d’Zoustëmmung vun de Bierger fannen.

D‘Europäesch Unioun wackelt, an dat net nëmme well d‘Britten iwwer Referendum entscheet hunn, d‘Gemeinschaft ze verloossen. D‘ADR ass sech bewosst, datt Lëtzebuerg Europa brauch, datt d‘Unioun eisem Land vill Virdeeler (awer net nëmmen) bréngt an datt eist kléngt Land sech haut keng eege Währung ka leeschten. Et ass awer falsch, d‘ADR als Euroskeptiker ze bezeechnen. Richteg ass, datt d‘ADR d‘Entwécklungen an der Europäescher Unioun mat dem néidegem Realismus betruecht, a grad dowéinst verlaangt, nees op d‘Grondwäerter vun der Gemeinschaft zeréck ze kommen.

Deel dëse Post: