Eu-Direktiv iwwer Verkéiersdelikter: duebel Aarbecht, näischt geschafft

An der Chamber net gestëmmt huet d’ADR den 20. Januar 2016 e Gesetz, dat eng EU-Direktive iwwer den Informatiounsaustausch bei Verkéiersdelikter ëmsetzt. De Fernand Kartheiser huet vir d’éischt emol kritiséiert, datt déi Directive zweemol behandelt gouf: Wéi Lëtzebuerg se d’lescht Joer eng éischte Kéier emgesat hat, hat se op Geriichtsbeschloss nämlech scho keng legal Basis méi. Um Fong an un de strukturelle Problemer huet sech awer duerno näischt geännert, besonnesch wat Datesécherheet a Rechtsonsécherheet ugeet, déi se verbreet. Et wär och interessant, datt Polizeizesummenaarbecht, déi geduecht war, fir Terroristen a Schwéierverbriecher ze bekämpfen, vu Bréissel elo op de Mann, deen op enger griichescher Insel Moto ouni Helm fiert, ausgeweit gëtt.

Deel dëse Post: