EU-Akkord mat Kuba: op Mënscherechter insistéieren!

Den EU-Akkord mat Kuba ass net nëmmen eng Geleeënheet, fir Handelsbezéiungen a politesch Bezéiungen zu deem Staat auszebauen. Et ass och eng Chance, déi een notze sollt, fir mat Kuba en Dialog opzebauen, fir op Mënscherechter ze insistéieren. Dës Usiicht huet de Fernand Kartheiser a senger Interventioun vum 17. Januar an der Chamber vertrueden. Well sech déi Chance hei bitt, stëmmt d’ADR dësen Akkord mat, a signaléiert awer och, datt verschidden Textpassage kritesch formuléiert sinn.

 

Deel dëse Post: