EU-Akkord mat Kasachstan: Traité integral virgeluecht!

Am Dialog mat Kasachstan, engem wichtege Partner fir Lëtzebuerg, solle Mënscherechtsproblemer ugeschwat an op Verbesserungen higewierkt ginn. D’Lëtzebuerger Parlament krut den EU-Akkord mat Kasachstan a senger Ganzheet virgeluecht. Wéi den Deputéierte Fernand Kartheiser de 17. Januar an der Chamber d’Averständnes vun der ADR matdeelt, notzt hien d’Geleeënheet, fir dëse Punkt ze ënnersträichen. Nom Lëtzebuerger Verfassungsrecht ass et eng Evidenz, datt en Traité, deen d’Chamber ratifizéiere soll, integral virgeluecht gëtt. Dofir rappeléiert den Deputéierten, datt international Akkorden och méi kontrovers an der Chamber sollen diskutéiert ginn an datt hei keng Deeler vum Akkord duerfe virenthale ginn.

 

Deel dëse Post: