Responsabilitéit fir eis Patienten, fir d’Qualitéit an eise Spideeler a fir e Gesondheetssystem, deen sech weiderentwéckelt an aus senge Resultater léiert.
Mir wëlle kee System, deen nëmmen dokumentéiert wat gemaach gouf, mee ee System, deen och weist, ob et eppes bruecht huet – a wéi et beim Patient ukomm ass. Dat geet just zesumme mat de Professionellen, net géint si, mat fairen a sënnvollen Instrumenter, staarkem Dateschutz an enger onofhängeger Iwwerwaachung, déi Vertraue schafen.
Aner Länner weisen, datt et funktionéiert. Elo ass et un eis, eise Wee ze goen: mat Piloteprojeten, kloere Reegelen, an engem Fokus op dat Wichtegst – de Patienteschutz an eng stänneg Verbesserung am Gesondheetswiesen.