Esch2022 an d’Lëtzebuerger Sprooch …

Am Joer 2022 ass d’Stad Esch, zesumme mat den 10 anere ProSud Gemengen an 8 Gemengen aus dem franséische Grenzgebitt den Organisateur vun Esch2022 – europäesch Kulturhaaptstad. An dëser Regioun ass net just op Lëtzebuerger Säit, mee och zu engem groussen Deel op franséischer Säit, d’Lëtzebuergescht historesch gesinn d’typesch geschwate Sprooch.

An deem Zesummenhang wollt den Deputéierte Fred Keup gewuer ginn, wat fir eng Roll d’Lëtzebuerger Sprooch bei der Kommunikatioun am Kader vun Esch2022 spillt an huet an deem Sënn e puer Froen un d’Kulturministesch geriicht.

 

Deel dëse Post: