Ersatzgehalt fir Selbststänneger: Jo – awer net esou!

Den Aarbechtsminister Dan Kersch huet den 11. Februar 2021 ugekënnegt, datt, vläicht scho vum Mäerz un, d’Independante solle kënnen en Ersatzgehalt kréien, dat iwwert eng Mutuelle géing finanzéiert ginn.

D’ADR begréisst prinzipiell, datt d’Regierung sech endlech op dësem Punkt beweegt an och elo un en Ersatzgehalt fir déi Selbststänneg denkt, déi duerch eng administrativ Decisioun net däerfe schaffen. Dëst entsprécht enger Fuerderung vun der ADR.

Net d’accord ass d’ADR awer mat där Iddi, fir dat Ersatzgehalt iwwert eng nei Mutuelle ze finanzéieren. Den Independanten hir Ersatzpai sollt, genee wéi d’Kuerzaarbecht, iwwert de „Fonds de l’emploi“ gespeist ginn. Mir brauchen elo eng kuerzfristeg, finanzéierbar a realistesch Léisung!

D’ADR fuerdert d’Regierung dowéinst op, fir keng ideologesch Barrièren opzeriichten, doduerch datt si elo onpraktikabel Léisunge proposéiert. D’Independante sollen elo net nach weider finanziell belaascht ginn an d’Hëllef soll op existéierend Strukturen a Mechanismen opgebaut ginn, fir datt si esou séier wéi méiglech ka fléissen. Dee Wee, deen d’Regierung virschléit, ass dowéinst net dee richtegen!

D’ADR fuerdert d’Regierung op, déi Léisungen ze akzeptéieren, deen d’Associatioune vun den Independante virschloen. Et kann net sinn, datt déi finanziell Verloschter fir déi Selbststänneg, déi de Staat duerch seng Covid-bedéngten Decisioune selwer ze veräntwerten huet, haaptsächlech vun deene Betraffene selwer musse bezuelt ginn. Den Effet wier praktesch wéi dee vun enger neier verstoppter Corona-Steier fir déi Selbststänneg.

 

Pressematdeelung vum 12. Februar 2021

 

Deel dëse Post: