Erfolleg fir d’ADR an de Roy Reding

Fir bei Immobilientransaktiouen an Zäite vun der Corona-Kris perséinleche Kontakter esou vill wéi méiglech aus de Féiss ze goen, kënnen Immobilienakte beim Notaire op Basis vun  enger privatschrëftlecher Procuratioun ( sous seing privé ) gemaach ginn. Dobäi war vergiess ginn, datt och en eventuellen Hypothéikekredit muss aktéiert ginn, wat awer nëmmen perséinlech beim Notaire ze maache war a wat also d’Sécherheetsmoossnam ënnerlaf hätt. Genee dat huet den ADR-Deputéierte Roy Reding an enger parlamentarescher Fro monéiert, an d’Justizministerin huet him Recht ginn a prompt d’Reglement an déi Richtung geännert.

De Roy Reding huet seng Äntwert, nach ir d’Ministerin  him op d’Fro geäntwert huet, am ofgeännerte Reglement gelies.

Deel dëse Post: