Enttäuschend Spidolsgesetz

Eng Regierung, déi genuch Suen huet, fir wëllen de Weltraum ze erueweren, muss hirer Bevëlkerung och eng optimal medezinesch Versuergung zur Verfügung stelle kënnen. Op dat ëmmer de Fall ass, bezweifelt de Gast Gibéryen a senger Interventioun vum 7. Februar iwwert d’Spidolsgesetz staark.

D’Gesetz gesäit eng Erhéijung vun de Spidolsbetter op 261 Stéck fir déi nächst 10 Joer vir – an dat bei geschätzten 200.000 Leit, déi sech bis zu deem Moment zousätzlech zu Lëtzebuerg beweegen wäerten. Dës Rechnung kann net opgoen! (Extrait 1’37”) Elo schonns sinn eis däitsch Nopere mat 8,13 Spidolsbetter pro 1000 Awunner wesentlech besser opgestallt wéi Lëtzebuerg mat sengen 4,77 Better pro 1000 Awunner.

Dobäi kënnt, datt nach ëmmer vill Leit hei am Land vun den onzoumuttbare Waardenzäiten bei den Urgencen e Lidd sange kënnen, dëse Volet gëtt am Gesetz kaum ugeschwat. (Extrait 1’08”)
Och iwwert déi sproochlech Reegelungen an de Spideeler verléiert de Gesetzestext kee Wuert. (Extrait 1’22”)  Dobäi fält et ville Mënsche schwéier, sech an enger Friemsprooch iwwert hiert medezinescht Uleies auszedrécken.

Wa mir iwwert déi medezinesch Versuergung vun de Bierger schwätzen, geet et net seelen ëm Liewen an Dout. Et ass tragesch, wa schonn an der Vergaangenheet Leit bei eis am Land un enger schlampeger medezinescher Versuergung ëm d’Liewe komm sinn an d’Politik d’Drénglechkeet vun der Situatioun nach ëmmer net well agesinn. Hei gëtt den Eescht vun der Situatioun verkannt. (Extrait 1’24”)
Gëtt dat neit Spidolsgesetz déi richteg Äntwerten op liewenswichteg Froen? Wuel kaum… D’ADR stëmmt dohier mat Nee.

 

Deel dëse Post: