Entrevue mat Omega 90

All Mënsch huet um Ënn vu sengem Liewen ee Recht op ee mënschewierdegt Stierwen. D’Organisatioun Omega 90 engagéiert sech zanter Joerzéngte fir déi beschtméiglech palliativ Versuergung vum Patient, sief dat doheem oder a spezialiséierten Ariichtungen. Doriwwer eraus ass eng professionell Trauerbegleedung ee vun de wichtegste Piliere vun der Aarbecht vun Omega 90. Et konnt een an de leschten 10 Joer vill Verbesserungen am palliative Beräich feststellen, esou de Roger Molitor, President vun Omega 90, an enger Entrevue mat der ADR-Parteispëtzt vum 15. Januar. An dach bleiwen nach wichteg Efforten ze maachen: Et misst een endlech en nationale Plang vun der palliative Versuergung op d’Been stellen, deen d’Koordinatioun tëscht den eenzelen Acteure besser reegelt. D’ADR weist sech oppe fir d’Fuerderunge vun Omega 90 an et war een sech eens, datt och um politeschen Niveau alles gemaach muss ginn, fir d’Aarbecht vun deene Leit um Terrain ze ënnerstëtzen, déi sech Dag fir Dag fir e würdevollen Ëmgang mam Dout asetzen.

 

 

Deel dëse Post: