Entrevue mat der LACA (Fluchlootsen)

E Dënschdeg, den 3. November 2015, huet d’ADR eng Delegatioun vun der LACA ( Luxembourg Approach Controllers Association) empfaangen. D’Fluchlotsen, déi fir d’Kontroll vum Lëtzebuerger Loftraum zoustänneg sinn, hunn op Pläng vum Verkéiersminister Bausch opmierksam gemaach, fir d’Souveränitéit vum Lëtzebuerger Loftraum un eng auslännesch Firma, wahrscheinlech déi belsch Sociétéit BELGOCONTROL, ze delokaliséieren. Dësen Outsourcing bedéngt, datt eise Fluchhafen, eis Fluchgesellschaften an doriwwer eraus eis Rettungsdéngschter gréisser Risike lafen, ouni datt dës Operatioun en ersiichtleche Virdeel géif bréngen. D’ADR verlaangt dowéinst vum Minister, des Pläng direkt opzeginn, an déi Souveränitéit, déi ons am Loftraum iwwert Lëtzebuerg bleift, ze respektéieren en ze erhalen.

D’LACA war vertrueden duerch déi Häre Philippe Sünnen, Claude Schmit a Ralph Roller. Si sinn empfaange gi vum den Deputéierte Gast Gibéryen a Fernand Kartheiser a vum ADR-President Jean Schoos.

Deel dëse Post: