Entrevue mat der asbl MemoShoah

E Freideg, de 27. Februar 2014, huet d’ADR-Fraktioun den Här Henri Juda, President vun des Associatioun MemoSchoah, empfaangen.

D’Associatioun MemoShoah huet sech als Missioun ginn, d’Erënnerung waakreg ze halen un dat schrecklecht Schicksal dat d’Judden, déi zu Lëtzebuerg gelieft hunn, ënnert der Naziherrschaft gelidden hunn. Dobäi soll ënnerenaner d’Klouschter Fünfbrunnen an der Gemeng Wënger – deen am Krich als Sammellager fir d’Judde gedingt hat – als Begéinungszentrum a Uert vun der Erënnerung un d’Shoah ëmfonctionnéiert ginn. An dëser Plaz fir Erënnerunge soll ënner anerem fir d’Jugend op dësen Deel vun onser Geschicht opmierksam ze maachen.

An engem längerem Gespréich hunn d’ADR-Deputéiert Gast Gibéryen, Fernand Kartheiser a Roy Reding och kontrovers mam Här Henri Juda iwwert de „Rapport Artuso“ diskutéiert. D’ADR huet och ënnerstrach, datt si d’Zieler vun der Associatioun MemoShoah voll a ganz ënnerstëtzt, an un d’Wichtegkeet vum net Vergiessen erënnert, dëst ëmsou méi wou et kaum nach Zeie gëtt, déi dës schwéier Zäite matgemaach hunn.

Deel dëse Post: