Entrevue mat der ALBAD

De Freideg, 16. Juli 2021, huet eng Entrevue stattfonnt tëscht der ADR an der ALBAD (Associatioun vun de Lëtzebuerger Bibliothekären, Archivisten an Dokumentalisten). D’ALBAD war vertrueden duerch d’Häre Jean-Marie Reding, Pascal Nicolay a Romain Reinard. Fir d’ADR hunn d’Deputéiert Fernand Kartheiser a Fred Keup an d’Attachés parlementaires Mandy Krier a Jean-Marc Schmidt un der Entrevue deelgeholl. Et si bei dësem Gespréich eng Hellewull vun aktuelle Sujete beschwat ginn, déi de Lëtzebuerger Bibliothekären, Archivisten an Dokumentalisten besonnesch um Häerz leien. Den Déngscht um Client an d’Bibliothéik vu muer ware wichteg Leetgedanke bei där Entrevue.

Deel dëse Post: