Entrevue mat der AAP: nëmme Lëtzebuerger Giischtercher!

Am Kader vun enger Entrevue mat enger Delegatioun vun der AAP – Association des Agents Pénitentiaires du Grand-Duché de Luxembourg – ass et zu engem ganz Interessanten Austausch mat der ADR komm. Esou stëmmen ADR an AAP total iwwereneen op dem Punkt, datt och an Zukunft d’Funktioun vum Giischtjen nëmmen däerf vu Lëtzebuerger ausgeüübt ginn! D’ADR bedauert, datt d’Regierung plangt dës Funktioun fir Auslänner op ze maachen, ënner anerem wéinst dem neie Prisong zu Suessem a wäert dëst mat alle politesche Mëttele bekämpfen. Dofir sinn d’Initiativë vun der Associatioun vun den Agenten aus dem Prisong ëmsou méi ze begréissen: si hu selwer Kontakt mat der ADEM opgeholl a maache vill aner Efforte fir hire Beruff no bausse virzestellen! Dobäi geet et och drëms, Lëtzebuerger Jugendlecher mat manner Formatioun eng berufflech Perspektiv unzebidden.
D’ADR wäert och eng Rei Revendicatioune vun der AAP ënnerstëtze fir dëse Beruff opzewäerten a fir nees Rou an de Prisong ze kréien. D’ADR war vertrueden duerch d’Deputéiert Gast Gibéryen a Fernand Kartheiser an duerch de Vize-President Mario Daubenfeld. Fir d’AAP waren de Michel Block, de Pascal Wohl an de Samir Djennas present.

Deel dëse Post: