Entrevue mam LCGB

De Freideg, 10. Juni 2022, huet sech d’ADR mam LCGB zu engem Meenungsaustausch getraff. Diskutéiert gouf iwwer Sujete wéi d’Energiekris, d’Reform vum Pensiounssystem, den Index, den Impakt vun der Digitaliséierung op d’Aarbechtswelt, asw. Den LCGB war vertrueden duerch d’Häre Patrick Dury, President, a Christophe Knebeler, stellvertriedende Generalsekretär. D’ADR war vertrueden duerch de Fernand Kartheiser, Fraktiounspresident, d’Sylvie Mischel, Presidentin vun den ADR Fraen, den Dan Hardy, Vizepresident vun der ADR an Attaché parlementaire, an de Jean-Marc Schmidt, Attaché parlementaire.

Deel dëse Post: