Entrevue mam Konsumenteschutz

D’ULC – Union Luxembourgeoise des consommateurs nouvelle a.s.b.l. – setzt sech fir d’Rechter vum Konsument an. An enger Entrevue mat der ADR-Parteispëtzt huet d’ULC hir Strategien a Konzepter virgestallt, fir an Zukunft nach besser op d’Besoinen a Problemer ze reagéieren, mat deenen de Konsument konfrontéiert ass. Et brauch och dee néidege politesche Wëllen, fir Mëssstänn ze behiewen, esou de President Nico Hoffmann. Et däerft deemno net sinn, datt eng Bank trotz héijem Benefice hir Fraise fir Basisoperatiounen um Guichet an d’Luucht setzt. D’ULC verlaangt desweidere méi Transparenz beim Vergläiche vun zwee scheinbar identeschen Déngschtleeschtungen an e méi haart Virgoe géint all Form vu Bedruch un de gesetzlech gereegelte Rechter vum Konsument.

Deel dëse Post: