Entrevue mam Jeeërverband

De 24. Februar 2023 huet sech d’ADR mat der “Fédération Saint-Hubert des Chasseurs du GD de Luxembourg” am Fraktiounssekretariat zu engem intressante Gespréich getraff. De Jeeërverband war vertrueden duerch d’Häre Jos Studer, President (3. vu lénks), Georges Rinnen, Vizepresident (2. vu lénks) a Richard Frank, Generalsekretär (1. vu lénks). D’ADR war vertrueden duerch d’Deputéiert Fernand Kartheiser a Roy Reding (2. vu riets) an de parl. Mataarbechter Jean-Marc Schmidt (1. vu riets). Ervirgehuewe gouf déi wichteg Roll vun de Jeeër am Kontext vun Naturschutz a Biodiversitéit.

Deel dëse Post: