Entrevue “Fir de Choix”: Ofschafe vun de Reliounscoursë

E Fréideg, den 11. Juli, huet d’ADR an der Fraktioun de Gruppement “Fir de Choix.lu” empfaangen. Et ass ëm d’Annonce vun der Regierung gaangen, d’Reliouns- genau ewéi d’Moralscoursen duerch ee gemeinsame Cours ze ersetzen.

“Fir de Choix.lu” huet sech gegrënnt aus enger Réi vun Elteren a Sympatisanten, déi sech mobiliséieren géint de “Cours unitaire”. Virun ee puer Wochen, huet dës Associatioun och zum Streik opgeruff, wou eng Delegatioun vun eiser Partei drun deelgeholl huet. Doropshinn koum et zur Entrevue.

D’Madamm Dechmann (Fir de Coix.lu) huet hier Positioun zur Regierungspropose duergeluecht. Si huet ennerstrach, datt de Gruppement dës Coursen, wa se esou ëmgesat ginn ewéi vun der Regierung proposéiert, éischter als Module géife gesinn. Geschoultent Personal kéint eng gefächert Vue vun allen unerkannte Reliounen ginn an duerno hätten d’Schüler de Choix fir wat si sech géifen entscheeden. Hei gëtt d’Schwieregkeet awer dora gesinn, datt een op all Fro misst pluralistesch änwerten an dëst géif och deem bescht geschoulte Personal net einfach falen. “Fir de Choix.lu” bedauert virun allem, datt d’Katecheten, déi vun dëser Ännerung am meeschte betraff sinn, awer leider am mannsten ze héiere sinn.

Fir d’ADR ass kloer, datt d’Regierung dat mat Hänn a Féiss wëll duerchsetzen an als Oppositiounspartei, et bal onméiglech ass dogéint virzegoen. Secher ass, datt “Fir de Choix.lu” an d’ADR op der selwechter Linn leien. D’ADR ass dofir, datt dës nei Coursen op alle Fall musse staatlech iwwerwaacht ginn, fir datt déi reléis Werter, déi scho fréi als gesellschaftlech Wegweiser fungéiert hunn, och reskeptéiert ginn. Ausserdeem huet de Fernand Kartheiser dem Gruppement un d’Häerz ee langen Otem ze beweisen an och net opzeginn, wann dës Decisioun duerch ass. Et kéint ee jo ni wëssen op déi nächst Regierung net bereet wier, dëst erem reckgängeg ze maachen.

“Fir de Choix.lu” woar vertrueden duerch d’Madamm Marcia Dechmann an d’ADR woar vertruden duerch déi zwee Députéiert Fernand Kartheiser a Roy Reding.

Deel dëse Post: