Entrevue Cannamedica

D’ADR trëtt scho laang a fir e medezinesche Gebrauch vu Cannabis an huet viru kuerzem dat Gesetz, wat dëst erméiglecht, an der Chamber och matgedroen. Mat deem Gesetz dréit Lëtzebuerg der Entwécklung an eise groussen Nopeschlänner Rechnung. Mee och hei am Land ware vill Leit aktiv, fir deen Traitement ze erméiglechen. Cannamedica ass esou eng Associatioun. Hire President, den  Dr Sc Serge Schneider, huet an enger Entrevue mam Gast Gibéryen e puer Kritikpunkten um Gesetz iwwer de medezinesche Gebrauch vum Cannabis geäussert. Cannamedica mengt, datt de ganze medezinesche Potenzial vum Cannabis net kann ausgenotzt ginn, well d’Gesetz tëscht den eenzelen Zorte vun der Planz mat hiren deelweis ganz verschiddene Wierkstoffer net genuch differenzéiert. Esou beschränkt d’Gesetz sech op chronesch Péng als Uwendungsberäich an et wären aner Applikatioune méiglech. Bedauert gëtt och, datt d’Mëttelen aus dem Ausland importéiert solle ginn, obwuel en Ubau hei am Land duerchaus géing Sënn maachen. Trotzdeem wär d’Gesetz en éischte wichtege Schrack gewiescht.

Deel dëse Post: