Entrevue ASTI-ADR: Desaccord iwwert d’Walrecht fir d’Auslänner

En Dënschdeg, den 30. Juli, huet d’ADR an der Fraktioun eng Delegatioun vun der ASTI empfaangen. Als eenzege Sujet stoung dobäi d’Auslännerwalrecht bei de Chamberwalen zur Debatt. Och wann d’Entrevue an enger frëndlecher Atmosphär ofgelaf ass, gouf et nom Austausch vun den Argumenter kee Rapprochement vun de Positiounen zu dësem Thema.

Virun de Walen huet d’Presidentin Laura Zuccoli der Delegatioun vun der ADR d’Positioun an d’Virschléi vun der ASTI virgedroen: Walrecht fir all Auslänner, ob aus der EU oder vu méi wäit, an dëst no zwee Joer Residenz; automatescht Aschreiwen an de Wallëschten an d’Obligatioun fir un de Walen deelzehuelen. Dëst wär, esou d’Presidentin vun der ASTI, eng „minimalistesch Positioun“ als Basis fir eng Diskussioun.

Den Deputéierte Gast Gibéryen huet doropshi kloer gemeet: „D’ADR wäert alles maachen, fir d’Auslännerwalrecht bei de Chamberwale kategoresch ze verhënneren.“. De President vun der ADR Jean Schoos huet bemierkt, datt Lëtzebuerg kee Recht kann hunn, den Auslänner eppes ze octroyéieren, wat se guer net wëllen“, an dobäi higewisen, wéi wéineg Auslänner sech an d’Wallëschte fir d’Gemengewalen aschreiwen.

Fir d’ADR ass kloer, datt mat der duebeler Nationalitéit an der Einfachheet fir Lëtzebuerger ze ginn, keen Hindernis méi besteet fir Auslänner, déi wëllen um politesche Liewen zu Lëtzebuerg deelhuelen. D’ADR wäert fir déi nächst Walen eng Rei Kandidate virstellen, deenen hir Wuerzelen net zu Lëtzebuerg leien, déi awer d’Efforte gemeet hu fir sech ze integréieren, d’Sprooch vum Land geléiert hunn an d’Lëtzebuerger Nationalitéit ugeholl hunn.

D’Delegatioun vun der ASTI war zesummegesat aus dem Laura Zuccoli (Presidentin) an dem Norbert Ehlinger. D’ADR war vertrueden duerch de President Jean Schoos, d’Deputéiert Gast Gibéryen a Fernand Kartheiser an d’Generalsekretärin Liliana Miranda.

Deel dëse Post: