Entreprisen a Betriber, d’grenziwwer-gräifend Fusioun, Transformatioun an Opdeelungen. An hir Unzuel an deene leschten 10 Joer.

Hei fannt Dir eng parlamentaresch Fro vum honorabelen Deputéierten Jeff Engelen. /

Betreff: Déi rezent Transpositioun vun der Direktiv Nr. 2019/2121 iwwer grenziwwergräifend Fusiounen, Transformatiounen an Opdeelungen, souwéi hir Unzuel an deene leschten 10 Joer, hei zu Lëtzebuerg.

 

Här President,

 

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Wirtschaftsminister an un d’Madamm Justizministesch weiderzeleeden.

Kierzlech huet d’Deputéiertekummer déi europäesch Direktiv Nr. 2019/2121 iwwer Fusiounen, Transformatiounen an Opdeelungen (Scissiounen) an nationaalt Gesetz transposéiert. Dëst neit Gesetz soll de Salariéë méi Schutz a Matsproocherecht garantéieren.

An deem Zesummenhank hätt ech follgend Froen un d’Regierung:

 

  1.   Wéi vill Fusiounen, Transformatiounen an Opdeelungen (Scissiounen), déi grenziwwergräifend stattfonnt hunn, hate mir an deene leschten zéng Joer?
    1. )  fir Betriber iwwer dem “seuil de déclenchement” vun dëser Direktiv, also mat iwwer 800 Salariéen?
    2. )  fir Betriber ënnert dem “seuil de déclenchement” vun dëser Direktiv, also mat ënner 800 Salariéen?

 

 Mat déiwem Respekt,

Jeff Engelen
Deputéierten

Deel dëse Post: