Enseignants-Gewerkschaft huet hir Doleancen ervirbruecht

An enger Entrevue vum 5. Oktober tëscht der SNE (syndicat national des enseignants) an der ADR gouf et nawell vill ze diskutéieren: Wéi d’Enseignants-Gewerkschaft matgedeelt huet, leeft Villes schif am schouleschen Alldag. Den Enseignant huet ëmmer méi administrativen Opwand ze bewältegen an d’Schoul-Hale kënnt an deem Kontext ze kuerz. De COVID-Virus mécht d’Situatioun natierlech net méi einfach. Problemer ginn et och beim Rekrutéiere vun den Enseignanten: D’SNE wënscht sech an deem Kontext och vun der Politik méi Unerkennung fir hir wichteg Aarbecht; et kéint een z.B. eng Aart Charme-Offensive lancéieren, fir op d’Attraktivitéit vum Enseignants-Beruff opmierksam ze maachen. Zu der Attraktivitéit vum Enseignants-Beruff géif an deem Kontext sécherlech dozou bäidroen, op Master-Niveau fir de Beruff vum Enseignant am Fondamental ze rekrutéieren. Och de nivellemt vers le bas ass e Problem, deen d’Enseignants-Gewerkschaft erkannt huet an an deem Sënn plädéiere si dofir, datt d’Schüler erëm déi fir dee spéidere Wee noutwenneg Basiskompetenze vermëttelt solle kréien, amplaz si mat engem total iwwerfëllte Schoulprogramm onnéideg ze belaaschten. De Kontakt mat den Acteuren um schouleschen Terrain ass der ADR wichteg an d’Reformpartei huet sech oppe gewisen, d’SNE an hire Fuerderungen ze ënnerstëtzen.

D’SNE war vertrueden duerch de President Parick Remakel, duerch de Generalsekretär Gilles Glesener, duerch d’Vizepresidentin Vanessa Schetgen an den zweete Vizepresident Nicolas Thill, esou wéi duerch de Secrétaire adjoint Jean Kasel an de Comitésmember Claude Schmit. D’ADR war vertrueden duerch de Fraktiounschef Fernand Kartheiser, den zukünftege Süd-Deputéierte Fred Keup an de Michel Lemaire.

Deel dëse Post: