Ënnerschloene Risiko am Logementsberäich!

Trotz den enorme Logementspräisser probéieren ëmmer nach vill Leit den eegeverantwortleche Wee ze goen a Proprietär ze ginn, dacks souguer iwwert de Wee fir selwer ze bauen. Käschten, Prêt, Notaire, Design asw. Et ass eng Hellewull un Erausfuerderungen, déi matenee musse geléist ginn. Ëmsou méi ass een drop ugewisen, deene Leit vertrauen ze kënnen, mat deenen een zesummeschafft an déi ee bezilt. Ma de Promoteur, wéi all Firma ka Faillitte maachen. An da fänkt et u schwiereg ze ginn. Verschidde Leit schléisse fir dee Fall eng Garantie d’Achèvement of. Ma bäi där Bezeechnung handelt et sech quasi ëm staatlech approuvéierte Bedruch. Et schléisst ee keng Assurance fir de Bau of, mee fir eng potentiell a limitéiert finanziell Entschiedegung. Trotzdeem dierf de Zerwiss sou genannt ginn an et muss mol net driwwer opgekläert ginn. Wéi kann et sinn, datt de Staat eegeverantwortlech Bierger wuertwiertlech esou op der Strooss/am Ree stoe léisst?

Eng parlamentaresch Fro vum Alexandra Schoos:

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm  Justizminister, d’Madamm Konsumenteschutzminister an den Här Logementsminister weiderzeleeden.

En Donneschdeg den 12. Mäerz goufen an der RTL Emissioun “Kloertext” eng Rei Facettë vun der Logementskris an hir Auswierkungen op déi verschidde sozial Gruppe vun Demandeuren thematiséiert. Dobäi gouf notamment de Probleem vun de ville Faillitten am Bausecteur thematiséiert, bäi deene besonnesch privat Bauhären dacks am Stach gelooss, a riskéieren, iwwer Joren an eng existenziell Kris gestierzt ze ginn. Am Fall vun engem VEFA-Kaf ass de Risiko besonnesch héich. Theoretesch kéinten d’Leit sech fir dee Fall duerch eng sougenannt “Garantie d’achèvement” ofsécheren. Entgéint deem wat den Numm suggeréiert, handelt et sech heibäi awer net ëm eng Assurance, fir de Bau iwwert eng aner Entreprise fäerdeg stellen ze loossen. Amplaz kritt ee jee no Vertrag verschidde Forme vu finanzieller Entschiedegung, déi awer dacks mol net déi Käschten decken, fir déi een sech engagéiert huet. Déi genee Modalitéite ginn de Leit och nach dacks réischt am Nachhinein erkläert.

Et misst ee vun enger Mogelpackung, enger “publicité mensongère”, wéi ee vun de Gäscht aus der Emissioun et bezeechent huet, schwätzen. E Jurist, deen och um “Kloertext” deelgeholl huet, huet awer drop higewisen, datt et sech ëm e juristesch definéierten Term handelt. D’Vertraue vun de Leit ass deementspriechend besonnesch héich, well dat Versprieche fir de juristesche Laie jo souguer duerch d’Gesetz gedeckt schéngt. Am Fall vum Kaf/Bau vun engem Haus stinn d’Leit an der Reegel ënner héijem Drock a musse sech parallel ëm eng ganz Rei vu komplexen Erausfuerderunge këmmeren. Ëmsou méi héich ass de Risiko, op dat ze vertrauen, wat de Staat suggeréiert. Ëmsou méi grouss ass duerno de Schued. Ouni Vertraue ginn et allerdéngs keng nei Projete méi an et léisst scho guer keen sech méi op eng VEFA an.

An deem Zesummenhang géif ech der Regierung gär dës Froe stellen:

  • Wéi dacks koum et wärend de Joren 2015 bis 2025 am Beräich vum private Logement zu engem Baustopp, well de Promoteur/d’Baufirma faillite gaangen ass? Wéi gesinn déi Zuele fir déi professionell souwéi institutionell Clienten aus?
  • Kann d’Regierung eng Tabell presentéieren, déi regruppéiert a wéi vill Fäll d’Projeten am Beräich vum private Logement nodréiglech nach fäerdeg gestallt goufen an a wéi engem Delai, wéi vill Projeten aktuell stëll stinn a wéi vill Projeten endgülteg hu missen opgi ginn? Kann d’Regierung am leschte Fall preziséieren, ob déi geschiedegt Bauhäre musse mat legale Konsequenze rechnen, well si eng Bauruin eidel stoe loossen a falls jo, wéi engen? Mussen si fir eventuell Securisatiounsmoossname selwer opkommen, och wann si duerch déi Situatioun selwer all hir finanziell Mëttel opgebraucht hunn?
  • Gesäit d’Regierung mëttelfristeg Ännerungen um Droit vun der Faillite am Bauwiesen, souwéi eng allgemeng Beschleunegung vun den entspriechende Prozedure vir, fir Privatclienten hei an Zukunft besser ze schützen?
  • Wéi erkläert d’Regierung, datt am Fall vun der Garantie d’achèvement esou eng ierféierend Déngschtleeschtung legal dierf verkaf ginn an emol keng Flicht besteet, am Virfeld prezis doriwwer opzeklären? Ass eng kuerzfristeg Gesetzesännerung virgesinn, fir de Konsument hei besser ze schützen? Falls net, firwat net?

 

Deel dëse Post: