Ënnerhalt vun eise kënschtlechen Iwwerschwemmungsgebitter?

Mëtt Juli goufe vill Regioune vun eisem Land vun enger Héichwaasserkatastroph getraff, wéi Lëtzebuerg se säit Joerzengten net méi kannt huet. Op en neits krute mir virun Aue gefouert, wéi verwondbar eis Land a villen Hisiichten nach ass. Ee manner offensichtlechen Aspekt betrëfft dee vu kënschtlechen Iwwerschwemmungsgebitter, déi am Laf vun de Jore laanscht eis Flëss ugeluecht goufen. Dës kënnen hiren Zweck nëmmen dauerhaft afëllen, wann de Schott, deen sech no all Héichwaasserkatastroph ofsetzt, réigelméisseg ofgedroe gëtt. Ass dat iwwerall de Fall gewierscht?

Deel dëse Post: