Eng zousätzlech Fuerspur op der A6?

Op der belscher Autobunn E411 gouf virun zwee Joer eng véiert Fuerspur fir Busser, Taxien an Autoe mat dräi oder méi Leit a Betrib geholl. Dës Mesure hat zum Zweck, Co-Voituragen ze ënnerstëtzen an domat de Verkéier op der Autobunn laangfristeg ze reduzéieren. An engem Interview huet de Mobilitéitsminister viru Kuerzem ugekënnegt, dës zousätzlech Fuerspur och op der Lëtzebuerger A6 a Richtung belsch Grenz anzeféieren, woubäi déi nei Spur op déi lénks Säit vun der Autobunn komme misst. Ass dat dann nach eng Autobunn am internationale Sënn?

Deel dëse Post: