Eng Strooss fir en Tram

Wéi haart hätten déi Gréng – Partei, Mouveco an aner Veräiner – viru Joeren wuel gejaut, wann en Deel vum Gréngewald fir en ëffentleche Projet ofgeholzt gi wier? Mä fir den Tramsschapp däerfen ze bauen, do ass kee Bam a kee Bësch helleg.

Fir déi Zerstéierung vum Gréngewald ze kompenséieren gëtt den CR119, tëschent dem Stafelter an der Iechternacher Strooss, ganz einfach gespaart.

Mat der Konsequenz, datt vill Leit aus dem Nordosten, déi op den Auto ugewise sinn fir an d’Stad a ronderëm schaffen ze kommen, nach méi Schikane mussen erdroen, an datt de Verkéier um Waldhaff an zu Walfer nach zouhëlt.

Oppositiounsparteien, Memberen aus de Regierungsparteien, an haaptsächlech Bierger wiere sech vehement géint dëse Projet.

Et leeft och eng elektronesch Petitioun an der Chamber fir d’Erhale vum CR 119. Op déi wuel méi Gehéier wäert fannen, wéi déi géint den Tram, déi mat 7105 Ënnerschrëften ënnergebottert gouf?

Den CR ass dobäi nëmmen ee Symptom vun der Krankheet, déi den Tram onweigerlech wäert mat sech zéien: d’Affere vum ëffentleche Raum, deen dem Verkéier zur Verfügung steet, zugonschten zu engem eenzege Verkéiersmëttel.

Och an der Stad gëtt d’Verkéiersachse Nei Avenue – Boulevard Royal fir den Tram monopoliséiert. Op de Kräizungen kritt den Tram absolut Prioritéit, och wann dowéinst de Rescht vum Verkéier dem totale Kollaps erleide muss.

Leit déi mat Busser vun ausserhalb der Stad kommen, musse virun der Stad um „Pôle d’échange“ ëmklammen. An der Stad, esou gëtt et emol versprach, sollen net manner AVL-Busser fueren. Mä wou fuere se dann, wann se net däerfen duerch d’Nei Avenue? De Stater Schäfferot sollt scho laang e Buskonzept virweisen. A wou bleift den Auto an deem ganze Tramsprojet? Net ze schwätzen vum Foussgänger an dem Vëlofuerer.

Als ADR-Conseillière am Gemengerot wäert ech mech weider dofir asetzen, datt eng Plaz fir den Ëffentlechen- AN den Individualverkéier besteet, a fir datt de Bierger, jee no senge Besoinen, kann op dat eent oder dat anert Mëttel zeréckgräifen. Net jiddwereen huet een Auto… an net jiddwereen kann dorop verzichten.

Fir de Verkéiersproblem an der Stad ze léisen, gëtt et besser Méiglechkeeten ewéi den Tram.

Et läit nach keng Schinn, et ass also nach Zäit fir sech ze wieren an zur kollektiver Vernonft zeréck ze kommen. Sollt den Tram dann awer gebaut ginn, da ginn nach vill méi Stroossen geaffert, ewéi nëmmen den CR 119.

Dësen Artikel ass de 5. September 2014 an der Rubrik “Zu Gast” vum Lëtzebuerger Land publizéiert ginn.

Deel dëse Post: