Eng streng Disziplin

Dësen Artikel ass an der drëtter Editioun vum Pefferkär – Chamberwalen 2013 publizéiert ginn.

Déi nächst Regierung muss als alleréischt Prioritéit hunn, iwwert déi ganz Legislaturperiod Budgeten opzestellen, déi keen Defizit opweisen! Nieft de konkrete Spuermoossname mussen dowéinst beim Staat dës Methoden a Prinzipien ugewannt ginn:

1. All Minister muss säi Budget eenzel virun der zoustänneger Kommissioun am Parlament virstellen a verdeedegen. Fir 2014 mussen d‘Budgete vun de Ministèren, déi net prioritär sinn, ëm mindestens 10% zum Joer virdrun erofgesat ginn.

2. D‘Kompetenze vun der Cour des Comptes gi gestäerkt, a si gëtt och fir d‘Gemengen zoustänneg. Bei Depensë vun iwwert 50 Milliounen Euro kann d‘Cour des Comptes am Virfeld der Chamber e Rapport iwwert Sënn oder Onsënn vun dëser Moossnam virleeën. Dëse Rapport gëtt public gemaach, d‘Chamber bleift awer souverän iwwert hir Entscheedung.

3. D‘Chamberkommissioun, déi fir d‘Budgets-kontroll zoustänneg ass, kritt méi Kompe-tenzen.

4. D‘Steierverwaltung gëtt an d‘Lag gesat, déi néideg Kontrollen duerchzeféieren a geschëllte Steieren anzedreiwen. D‘ADR ass dowéinst och mat méi Personal fir dës Verwaltungen (Steierverwaltung an Enregistrement) averstanen, ouni datt de Gesamteffektiv beim Staat soll eropgoen.

Deel dëse Post: