Eng stillos a schiedlech Approche!

Et geet kee Wee laascht d’Kontroll vun den Iesswueren, awer onbürokratesch, transparent an novollzéibar w.e.g.!  De Roy Reding wiert sech a senger Interventioun vum 28. Juni géint zousätzlech Bürokratie a schlecht mateneen ofgestëmmten Autoritéiten, déi d’Qualitéit vun de Liewensmëttel garantéiere sollen. Et däerf och net sinn, datt d’Regierung nei Taxen erhieft, fir dës Kontrollen ze finanzéieren. Hei gëtt d’Aufgab vun der staatlecher Kontroll taxéiert – fir d’ADR de falsche Wee. Falsch a schiedlech fir d’Horesca ass och déi blann an automatesch Verëffentlechung vun de Kontrolle scho bei klengsten Onreegelméissegkeeten. Hei kann och déi beschten Adress fir iessen ze goe vun haut op muer e schlechte Ruff kréie bei klengste Bagatellen an engem souwisou schonns iwwerreglementéierte System. Eng stillos a schiedlech Approche. Geet een esou mat der Horesca ëm?

Deel dëse Post: