Eng Gemengeschwämm refuséiert Boergeld. Ass dat rechtlech zoulässeg? De Fred Keup hakt no:
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Finanzminister weiderzeleeden.
Wéi am Artikel “Nein zum Bargeld”, deen de 26. September um Zitt vum Tageblatt publizéiert gouf, ze liesen ass, hëlt eng ëffentlech Schwämm kee Boergeld méi un. Leit ouni eege Kreditkaart kënnen net méi op der Plaz bezuelen. Boergeld huet zu Lëtzebuerg allerdéngs de Statut vun der “monnaie legale” a kann nëmmen am Konsens substituéiert ginn.
An deem Zesummenhang géif ech dem Här Finanzminister gär dës Fro stellen:
Ass den Här Finanzminister der Meenung, datt et weiderhi muss méiglech sinn, zu Lëtzebuerg allgemeng mat Boergeld ze bezuelen? Wéi steet d’Regierung zu sou Fäll?