Zur neier Partydrog “Tusi” huet den Tom Weidig e puer Froen un d’Regierung.
Fro:
De Kokain-Konsum zu Lëtzebuerg ass duerch Analysen, déi vun der European Union Drugs Agency (EUDA) duerchgefouert goufen, gutt beluecht (cf. Artikel op wort.lu “Luxemburger koksen am liebsten montags” vum 30.3.2025). Eis ass zu Ouere komm, datt mëttlerweil d’Party-Drog “Tusibi” oder “Tusi” (no der englescher Aussprooch vun der Drog 2C-B) zu Lëtzebuerg Fouss gefaasst huet. Si gëtt dacks ënner der Bezeechnung „Pink Cocaine“ gehandelt, obschonns Studien nogewisen hunn, datt an dëser syntheetescher Drog mat halluzinogener Wierkung haaptsächlech Ketamin, an net 2C-B oder Kokain ass. De Mëssbrauch vun „Pink Cocaine“ ka verheerend Konsequenzen hunn, vu Panikattacke bis hin zu Häerzstëllstand.
An deem Kontext hunn ech follgend Froen un d’Regierung:
- Den aktuellen Aktiounsplang „Drogendësch 0“ ëmfaasst 60 Moossnamen zur Bekämpfung vun Drogekriminalitéit zu Lëtzebuerg. Party‑Droge wéi Ecstasy, “Kokain-Plateauen” oder „Tusi“ ginn awer net explizit thematiséiert. Wéi schätzt d’Regierung d’Bedeitung vun de Party-Drogen am Gesamtkontext vun der Drogekriminalitéit zu Lëtzebuerg an?
- Plangt d‘Regierung spezifesch Preventiounscampagnen, fir iwwer Tusi opzeklären?
- Goufe schonns strategesch Asätz (z. geziilt Policepatrullen a Baren a Clubben) duerchgefouert, fir de Mëssbrauch vun de genannte Substanzen ze erfaassen an ze bekämpfen? Wa jo, wéi vill a mat wéi engem Resultat? Wann nee, sinn esou Asätz geplangt?
- Gëtt et eng Zesummenaarbecht mat Betriber aus dem Nuetsliewen, fir den „harm reduction“-Usaz ze stäerken, z.B. duerch Informatioun, Schnelltester oder „safe spaces“?
- Lëtzebuerg féiert reegelméisseg Ofwaasseranalysen duerch – an déi weisen, dass Kokain‑Réckstänn am europäesche Verglach relativ héich sinn, Cannabis och, aner Substanze manner. Ginn et Pläng, fir „Pink Cocaine“ am Kader vun dësen Ënnersichunge méi genee ze tracken?
- Lëtzebuerg ass scho säit Laangem op der Kaart vun den internationalen Drogekarteller a spillt als Transitland eng ëmmer méi wichteg Roll am europäeschen Drogenhandel, haaptsächlech bei Kokain a Cannabis. Gëtt „Pink Cocaine“ mëttlerweil och als Transitsubstanz erfaasst?
Äntwert:
1) Bis dato huet d’Police keng Kenntnis iwwert de Konsum, respektiv een existéierende Marché zu Lëtzebuerg vun der Drog « Pink Cocaine » / « Tusi ». Bis elo ass déi Substanz nach a kenger Analyse vum
Laboratoire national de santé (LNS) nogewise ginn. Beschlagnamung vu sougenannte Partydroge wéi Ecstasy goufe vun der Police scho gemaach wärend Festivitéiten, mee et konnt bis elo kee Marché vu signifikativer Gréisst zu Lëtzebuerg identifizéiert ginn.
2) « El Tusi », « Tusi », « Tuci », « Tucibi », « Cocaina rosada» oder « Pink Kokain», si keng nei psychoaktiv Substanzen, mee Mëschprodukter wou eng ganz Rei verschidde Substanzen dra fonnt ginn. Laut der European Union Drugs Agency (EUDA) bezéien sech d’Begrëffer « Tusi », « Tucibi » oder « Pink Kokain» an Europa normalerweis op Mëschunge vu psychoaktive Substanzen a Form vun engem rosa Pudder, an allgemeng Mëschunge vu Ketamin an anere Substanzen, wéi MDMA (3, 4- Methylendioxymethylamphetamin – Ecstasy) oder aner Amphetaminnen. An deenen allermannste Fäll si
Kokain oder déi syntheetesch psychoaktiv Substanz 2CB detektéiert ginn. Wéi uewen erwäänt ass den « Tuci » e Mélange vu verschiddenen Substanzen déi séit laangem bekannt sinn an iwwert déi eng ganz Rei Informatiouns- an Opklärungsmaterial zu Verfügung stin. Dës gin och an der Präventiounsaarbecht an bei den Safer use a Safer party Mesuren a récréativen a festive Beräicher benotzt. Am Moment gëtt et keng Unzeeche vun engem signifikative Konsum vun « Tuci » zu Lëtzebuerg.
3) Op Grond vun der Inexistenz, respektiv der Marginalitéit vun de viséierten Drogen, si bis elo nach keng cibléiert Kontrollen an Nuetslokaler wéi Baren oder Club’en vun der Police gemaach ginn.
4) D’Associatioun 4motion (PIPAPO) bedreift Sensibiliséierungsaarbecht a festiven a récréativen Beräicher, duerch safer use, safer sex a safer party Interventiounen. Ee Service vir psychoaktiv Substanzen ze analyséieren (DrugChecking), deen e méi risikoarmen Konsum vun deene Substanze vir d’Konsumente viséiert an erméiglecht, gëtt och ugebueden. Mat der Initiativ SaferNight gëtt och eng Sensibiliséierung vun Evenementorganisateuren, Betriber aus dem Nuetsliewen, an d’Besëtzer vu Clubs a Baren ugestrieft, vir inklusiv a sëcher (e.g. safer spaces) festiv Evenementer ze fërderen. Lëtzebuerg mëscht och beim europäesche Fréiwarnsystem fir geféierlech Drogen (EWS) mat, dee vun der European Union Drugs Agency (EUDA) koordinéiert gëtt. Falls PIPAPO also am Kader vum DrugChecking oder den LNS eng nei psychoaktiv Substanz (NPS) oder eng geféierlech Vermëschung entdeckt, kann de LNS dat un de Point Focal Lëtzebuerg weiderginn, deen direkt mat der EUDA zesummeschafft. Wann eng Substanz als besonnesch geféierlech agestuuft gëtt, kann eng national oder europäesch Warnung (Drug Alert) ausgeléist ginn.
5) D’Iwwerwaachung vun dësen Droge fält net ënnert d’Virschrëfte vun der Direktiv iwwer d’Behandlung vum kommunalen Ofwaasser (Directive 2024/3019) an dës Parameter ginn dofir net vun de Gemengen a Gemengesyndikater gemooss.
6) Well bis elo nach keng Beschlagnamung vun der Police vun « Pink Cocaine » zu Lëtzebuerg stattfonnt huet, leie keng Elementer vir, déi beleeën dass dës Drog duerch d’Land transitéiert.