Eng gutt Investitioun!

Et war een sech parteiiwwergräifend eens, datt et eng gutt Investitioun ass, déi de 25. Juli an der Chamber gestëmmt gouf; eng Investitioun, déi de Schinneverkéier méi sécher a méi benotzerfrëndlech mécht a weider Capacitéite fir de Passagéiertransport schaaft. Wann ee bedenkt, datt sech all Joer ronn 20.000 Leit weider zu Lëtzebuerg beweegen an och dëse Projet net genuch Capacitéite schaaft, fir deem gerecht ze ginn, da muss een allerdéngs virsiichteg mam Optimismus sinn. De Stau geet dacks scho vun Arel bis an d’Stad an och mat dësem Projet léise mir d’Stauen op eisem Territoire net, esou de Gast Gibéryen. Et muss een d’Mobilitéitsdiskussioun onbedéngt mat der Wuesstemsdiskussioun zesummeféieren. Just sou loossen sech laangfristeg Léisunge fannen.

 

Deel dëse Post: