Eng Groussregioun vu Basel bis Namur kann net klappen

print

De 16. Mäerz war d’Groussregioun um Menü vun der Chamber. De Gast Gibéryen war éischter pessimistesch, an hie war domat op enger Linn mam Jacques Santer, deen 2003 déi Géigend nei beliewe wollt, a ville Kritiker, déi hautdesdaags an der Press dat nämmlecht soen. Geännert huet sech näischt, ausser datt d’Groussregioun nach vill méi oniwwersiichtlech ginn ass, wéi de Gast Gibéryen erkläert huet. Louthrénge gouf ofgeschaaft an duerch de Grand-Est ersat. Elo, wou theoretesch d’Groussregioun bis Basel geet, hätt also och Baden-Württemberg an Däitschland eigentlech d’Recht, mat Rheinland-Pfalz an dem Saarland do matzeschwätzen.
Bei d’komplizéiert Geographie kommen och komplizéiert Problemer. D’Groussregioun huet sechs Atomzentralen, vill qualifizéiert Aarbechtskraaft aus däitsche, belschen a franséische Schoulen ginn op Lëtzebuerg gezunn, d’Lëtzebuerger Wunnengsnout dreiwt d’Präisser an de Nopeschgéigenden an d’Luucht, den ëffentlechen Transport ass nach ëmmer net vill besser ginn. Schold dorun ass och, datt d’national Lëtzebuerger Entscheedungsstrukturen mat hirer Autonomie op regional Nopeschstrukturen treffen, déi manner ze soen hunn. A Schold ass de Näid, dee mécht, datt awer jidfereen fir d’éischt no sech kuckt: Dofir ginn zu Lëtzebuerg Betriber gebaut, déi nëmme mat Frontaliere fonktionéieren, amplaz datt déi Betriber beim Noper gebaut ginn, wou och d’Aarbechtskraaft wunnt.