Eng einfach Zuel: Wéi vill Sue ginn an d’Entwécklungshëllef?

Et misst eigentlech ganz liicht sinn, déi einfach Fro ze beäntweren, wéi vill Suen Lëtzebuerg all Joer fir Entwécklungshëllef bezilt. Grad och well d’Regierungen sech scho laang bretzen, datt Lëtzebuerg exemplaresch eent vun de Länner ass, déi am meeschte bezuelen am Verglach mat hirem Bruttonationalakommes. Mä datt d’Land an där Kategorie nach méi dichteg ass, wéi dee beschte Musterschüler (eist Land ass eent vun deene wéinegen, dat den Undeel vun 0,7 Prozent vun der Entwécklungshëllef um Bruttonationalakommes – en internationaalt Verspriechen) wëll a schlechte wirtschaftlechen Zäiten awer keen esou richteg zouginn: Dofir ginn Deeler vun der Entwécklungshëllef am Budget aus politesche Grënn einfach net ugerechent. De Fernand Kartheiser beschäftegt sech scho laang mat esou Froen. An enger neier parlamentarescher Fro wëll hie wëssen, wat fir en Impakt de Gemengebäitrag op d’Entwécklungshëllef huet a wéi dat koordinéiert gëtt. Tatsächlech sinn etlech Gemengen ganz aktiv an der Entwécklungshëllef, sief dat eleng, zesumme mat Associatiounen an ONGen oder duerch Subventiounen un esou Organisatiounen.

Dräi weider Froen vum ADR-Deputéirte iwwer d’Entwécklungshëllef

Deel dëse Post: