Eng Delegatioun um EYC Kongress zu Prag

D’ADRenalin, déi jonk adr huet den Niklosweekend vum 4. op de 6. Dezember zu Prag, um Kongress vun den europäesche jonke Konservativen (EYC), deelgeholl. Vertrueden war d’ADR-Jugendorganisatioun duerch séng zwee Délégéiert, de Joe Thein (Nationalpresident) an de Melvin Zimmer (Member vum Komitee). Dëse Meeting konnt op en Neits, eis europäesch a politesch Relatioune stäerken a verdéiwen, a Lëtzebuerg mat an den europäeschen Dialog erabréngen. D’ADRenalin huet och nees mam Nationalpresident Joe Thein, als ee vun den EYC-Vize-Presidenten, e Vertrieder am EYC-Exekutivboard.
Nieft dem politesche Kader vun dem Event, ass et awer och de kulturellen Aspekt, deen dësem Event säi Charme gëtt; sou hate mir Zäit, fir eng Visite vun der historescher Aalstad Prag ze maachen, gudden traditonelle Kascht ze schmaachen, a bei engem gemeinsame Patt, eis politesch Frënn, besser kennen ze léieren.
thein zimmer prag 2015 prag 2015
Deel dëse Post: