D’ADRenalin, déi jonk adr huet den Niklosweekend vum 4. op de 6. Dezember zu Prag, um Kongress vun den europäesche jonke Konservativen (EYC), deelgeholl. Vertrueden war d’ADR-Jugendorganisatioun duerch séng zwee Délégéiert, de Joe Thein (Nationalpresident) an de Melvin Zimmer (Member vum Komitee). Dëse Meeting konnt op en Neits, eis europäesch a politesch Relatioune stäerken a verdéiwen, a Lëtzebuerg mat an den europäeschen Dialog erabréngen. D’ADRenalin huet och nees mam Nationalpresident Joe Thein, als ee vun den EYC-Vize-Presidenten, e Vertrieder am EYC-Exekutivboard.
Nieft dem politesche Kader vun dem Event, ass et awer och de kulturellen Aspekt, deen dësem Event säi Charme gëtt; sou hate mir Zäit, fir eng Visite vun der historescher Aalstad Prag ze maachen, gudden traditonelle Kascht ze schmaachen, a bei engem gemeinsame Patt, eis politesch Frënn, besser kennen ze léieren.