Eng Affär mat Explosiounskraaft …

No dem Récktrëtt vun der Madamm Carole Dieschbourg, réckelt elo d’Verhalen vun der Madamm Justizminister an de Mëttelpunkt. Si perséinlech huet hir Parteikollegin am Virfeld vun der Chambersprozedur informéiert. Ob si dat däerf, ass alles anescht wéi sécher. Fir dat ze kläeren, huet de Fernand Kartheiser eng dréngend parlamentaresch Fro gestallt, geriicht un den Här Premierminister Xavier Bettel an un d’Madamm Justizminister Sam Tanson. D’Äntwert verstoppt sech tëschent den Zeilen an engem legal net genee definéierte Kader.

Fro

Am Kalenner vun der Affär ëm e Gaardenhaischen zu Déifferdeng gëtt et Ongereimtheeten. Op engem Lëtzebuerger Radio huet d’Madamm Justizminister bestätegt, datt si déi deemoleg Ëmweltministerin iwwer de Schrack vum Parquet fir där hir Unhéierung méiglech ze maachen a Kenntnis gesat hätt, an zwar nach ier d’Deputéierten doriwwer informéiert gi wären. Doriwwer hunn ech dës Froen:

  1. Ass an der Prozedur, fir e Minister an enger juristescher Affär ze héieren, virgesinn, datt dee betraffene Minister am Virfeld vun der Demande vum Parquet un d‘Chamber informéiert gëtt?
  2. Wann nee, wat sinn d’Grënn firwat dee betraffene Minister net virun der Chamber vun der Demande vum Parquet soll wëssen?
  3. Wär, wann eng Informatioun vum betraffene politesche Responsabele virgesi wär, dat, am Sënn vun der Gewaltentrennung, net ausschliisslech d’Aufgab vum Parquet?
  4. Falen d’Demarchë vum Parquet an hiert geplangtent Virgoen an esou engem Fall ënnert de „Secret d’instruction“? Ass dëse „Secret d’instruction“an dësem Fall net respektéiert ginn?
  5. Ass et normal Praxis, datt de Justizminister iwwert eng lafend Affär vum Parquet informéiert gëtt ?
  6. Wéi huet d’Madamm Minister d’Informatioun iwwert dës Demande kritt? Iwwert de Procureur général? Iwwert en anere Vertrieder vum Parquet? Iwwert hire Ministère. Oder iwwert en anere Wee?

Äntwert

Gemeinsam Äntwert vum Här Premierminister, Staatsminister a vun der Madamm Justizministesch op d’parlamentaresch Fro n°6184 vum honorabelen Deputéierte Fernand KARTHEISER

 An deem spezifesche Fall, deen den honorabelen Deputéierten uschwätzt, huet de Parquet général moies den 21. Abrëll 2022 der Chamber den Dossier vun der Vir-Enquête an der sougenannter “Affaire Gaardenhaischen” iwwerginn. D’Madamm Solovieff, Procureur général d’Etat, huet d’Justizministesch e puer Stonnen drop doriwwer informéiert. D’Justizministesch huet deemno d’Madamm Dieschbourg zu engem Zäitpunkt informéiert wou den Dossier vun der Vir-Enquête scho bei der Chamber louch.

Zu den éischten 3 Froë vum honorabelen Deputéierten sief ze bemierken, dass den Artikel 82 vun der Verfassung virgesäit, dass just d’Chamber iwwer eng eventuell “Mise en accusation” vun engem Minister décidéiere kann : « Art. 82. La Chambre a le droit d’accuser les membres du Gouvernement – Une loi déterminera les cas de responsabilités, les peines à infliger et le mode de procéder, soit sur l’accusation admise par la Chambre, soit sur la poursuite des parties lésées. »

Et ass allerdéngs esou, dass bis haut kee Gesetz gestëmmt ginn ass, dat eng Prozedur fir esou e Fall virgesäit. Deemno huet d’Chamber aktuell e “pouvoir discrétionnaire” (Art. 116 vun der Verfassung) fir doriwwer ze décidéieren. Et gëtt den Ament also keng Prozedur fir d’”Mise en accusation” vun engem Minister ze regelen.

Et ass awer e fundamentale Prinzip an engem Rechtsstaat, dass eng Persoun géint déi à charge an à décharge enquêtéiert gëtt, Stellung kann huelen zu de Virwërf déi géint si virleien. Vu d’Lacunen vum aktuelle System, gesäit den Text vun der zukünfteger Verfassung kloer vir, dass de Ministère public zoustänneg gëtt fir d’Poursuite géint e Minister : « Art. 83  (3) Les membres du Gouvernement sont pénalement responsables des actes commis par eux dans l’exercice de leur fonction. Seul le ministère public peut intenter et diriger les poursuites à l’encontre d’un membre du Gouvernement pour ces actes, même après cessation de sa fonction. »

Wat de “secret de l’instruction” ugeet, esou si kloer Exceptiounen virgesinn, dorënner den 3. Paragraph vum Artikel 8 vum Code de procédure penale, dee seet : « Le procureur général d’Etat ou le procureur d’Etat peut rendre publiques des informations sur le déroulement d’une procédure, en respectant la présomption d’innocence, les droits de la défense, le droit à la protection de la vie privée et de la dignité des personnes ainsi que les nécessités de l’instruction. »

An deem Sënn informéiert de Procureur général d’Etat munchmol de Justizminister iwwer Fäll zu deenen och de Parquet general ëffentlech Stellung hëlt.

Deel dëse Post: