Energiekris hausgemaach!

Wärend dem kale Krich gouf sech dacks follgende Witz erzielt: Wourun erkennt een, datt an der Wüüst de Kommunismus agefouert gouf? De Sand fänkt u knapp ze ginn. Duerch d’Energiepolitik vun eiser Regierung kritt dëse Kalauer op eemol nees eng brisant Aktualitéit. De 6. Abrëll huet den Energieminister Claude Turmes gewarnt, am Fall vun engem Embargo vu russeschem Gas a Pëtrol missten zu Lëtzebuerg wärend e puer Joer, iwwert de Wanter d’Betriber ofgeschalt ginn. 

De 27. Juni an eng Rei Sanktioune méi spéit, dunn den nächsten Hummer: net nëmmen d’Betriber, mee och d’Leit mussen sech op en “haarde Wanter” astellen. D’Leit kënnen zu hirer Entlaaschtung bäidroen, wann si op der Basis vun offizielle Recommandatiounen “sënnvoll” Energie spueren. Wann een sech um Zitt energie-spueren.lu ëmkuckt, fënnt een zum Beispill d’Iddi säin Haus ze renovéieren. Nëmme well d’Leit sech d’Grondbedierfnes vum Hëtzen net méi leeschte kënnen, heescht jo net, datt déi Investitioun op eemol e Probleem wier. Oder och nach, datt e Mangel u Baumaterialien a qualifizéiertem Personal géif herrschen.   

Op gutt Lëtzebuergesch: d’Leit gi fir domm verkaf an d’Regierung wëll sech bëlleg aus der Affär ze zéien, déi se selwer verursaacht huet. Do wier engersäits d’Steierpolitik ze nennen, zum Beispill déi duebel Erhéijung vun der Bensinnssteier am Joer 2019, där hir belaaschtend Wierkung duerch den allgemenge Réckgang vun de Präisser am Kader vun der COVID-Situatioun eréischt zäitversat zum Droe koum. Op den 1. Januar 2021 koum déi reng ideologesch motivéiert Zäregassteier op enger Rei vun Energieproduiten dobäi, déi säitdeem schonn erëm erhéicht gouf an och weider soll erhéicht ginn an domat och d’Berechnungsgrondlag fir d’TVA an d’Luucht dreift. Déi entspriechend Präisentwécklung gouf duerch de Krich an der Ukrain zwar verstäerkt, mee net ausgeléist.

Déi zweet politesch Ursaach vun der Präisexplosioun besonnesch beim Gas erschléisst sech manner intuitiv. Am Kader vun enger erweiderter parlamentarescher Fro vum 19. Mee 2021, huet den Här Energieminister den Äerdgas als wichtegst “Back-Up Energie” fir déi volatil ëmwandelbar Energie bezeechent. Wärend d’Regierung domat eng EU-Politik iwwerholl huet, déi d’Demande dreift, ass si gläichzäiteg ëmmer méi op Konfrontatioun zu eisem gréisste Liwwerant gaangen, warscheinlech wuelwëssend, datt et Joren dauert, fir eng entspriechend alternativ Infrastruktur zouverlässeg ze etabléieren.

Am Sënn vum Ufankswitz kann ee feststellen, datt de Probleem net an engem globalen Energiemangel läit, mee datt se de Leit hei am Land opgrond vu politesche Feelentscheedunge just net méi am néidege Mooss zur Verfügung gestallt ka ginn.

Hausgemaachte Krisen hunn awer och hir schéi Säiten. Mam néidegen, gudde politesche Wëlle kënnen se ouni Probleem behuewe ginn. Och d’Bettel-Administratioun kéint sech vun hire Parteikolleegen an der Chamber kuerzfristeg eng Rei Instrumenter zur Entlaaschtung vun eise Bierger un d’Hand gi loossen, ënner anerem déi hei:

  • eng virleefeg Aussetzung oder Ofschafung vun der Zäregassteier;
  • eng virleefeg Aussetzung oder Ofschafung vun der Bensinnssteier;
  • eng Applikatioun vum superreduzéierten TVA’s Saz vun dräi Prozent op sämtlechen Energieproduiten;

D’Regierung kéint dann och e staarke symbolesche Geste presentéieren an d’Paie vun de Ministeren analog zu den 10 Prozent Gas déi all Bierger soll spueren, iwwer den entspriechenden Zäitraum am gläiche Mooss kierzen. Falls net, hunn d’Leit d’nächst Joer am Oktober d’Wuert.

Deel dëse Post: