En nationale Referendum och elektronesch ënnerstëtzen kënnen…

D’ADR huet haut an der Chamber den Depot vun enger Proposition de loi gemaach. Et geet dobäi ëm d’Prozedur, déi duerchlaf gi muss, fir eng Propositioun vun engem nationale Referendum ze ënnerstëtzen. Bis elo ass nämlech virgesinn, datt d’Bierger perséinlech mussen op d’Gemeng goen, fir sech do anzeschreiwen, wa si esou eng Referendumspropositioun ënnerstëtze wëllen. An nëmmen dann, wann déi néideg 25.000 Ënnerschrëften zesummekommen, kann et och tatsächlech zum Referendum kommen.

Dëse Gesetzesvirschlag gesäit vir, datt d’Bierger an Zukunft och d’Méiglechkeet kréien,  elektronesch ze ënnerschreiwen. Si kréien also de Choix, fir dat elektronesch ze maachen oder perséinlech op d’Gemeng ze goen.

 

Deel dëse Post: