En Déier ass keng Saach!

D’ADR huet op enger Pressekonferenz hir Positiounen a punkto Déiereschutz duergeluet. D’ADR freet schon zënter Joeren, datt d’Déier als Liewewiesen mat Gefiller unerkannt a respektéiert an dementspriechend wierdeg behandelt gëtt. Mir hunn op der Pressekonferenz eng Approch virgestallt, déi dat erméiglecht, duerch eng ponktuell Ännerung an eiser Verfassung, wou zwar den Déiereschutz haut schonn  ernimmt ass, mä an enger Formulatioun, déi näischt ausseet. Konsequenterweis  wëll d’ADR an den nächsten Deg eng Propositioun de loi deponéieren, fir de Code civil ze änneren, wou d’Déier nach ëmmer als Saach definéiert ass.

Mir mengen, datt dës Démarchen séier musse sinn. Mir versti se als Komplement zur Regierungsdémarche, déi jo un engem neien Déiereschutzgesetz schafft. Wat dat neit Déiereschutzgesetz ugeet, huet d’ADR awer op der Pressekonferenz eng ganz Rëtsch Fuerderungen opgezielt, déi mussen erfëllt sinn, fir datt se de Projet matdréit. Fir eis Partei hunn de President Jean Schoos (Fuerderungen zum Déiereschutzgesetz), den Deputéierte Roy Reding (Ännerung Code Civil) an de Generolsekretär Alex Penning (ponktuell Verfassungsännerung) geschwat

Deel dëse Post: