Emotionell gelueden Entrevue mat Info-Handicap

Net nëmmen zueleméisseg war d’Entrevue mat Info-Handicap an der ADR, de 25. Juni aussergewéinlech. Jos Even (ALAN Maladies rares), Eric Kress, Mady Juchem, Emmanuela Wille,  (all AFPL – Association des Familles ayant un proche attaint de psychose au Luxembourg), Marco Wotipka (Trisomie 21, Alpeed – Association de Parents d’Elèves de l’Education différenciée), Patrick de Rond, Olivier Grüneisen, Georges Arendt (all IHA – Info-Handicap), Martine Kirsch (ZEFI – Zesumme fir Inclusioun)) a Sylvie Leisen-Glesener (APPAAl – Association des Parents de Personnes atteintes d’Autisme) haten eng ganz Rei vu Kloen ze presentéieren. Emotionell geluede waren och d’Erfarungsberichter vu betraffene Leit, déi Dag fir Dag mat sëllechen Ongereimtheeten an administrativen Hürde musse kämpfen zousätzlech zu där viller Aarbecht an Energie, déi si fir hir Familljememberen a Partner mussen opwennen. Am trauregsten un der Diskussioun – besonnesch wann ee bedenkt, datt vill Politiker dat Wuert Inclusioun dacks op de Lëpsen droen – war d’Feststellung duerch Leit, déi d’Realitéit kennen, datt de Mënsch mat enger Behënnerung nach ëmmer an ëmmer méi onsiichtbar gëtt an eiser Gesellschaft a bal exklusiv a spezialiséierten Institutioune lieft. D’UN-Konventioun fir d’Rechter vum Behënnerte Mënsch huet nach net vill dorun geännert. Zu Lëtzebuerg sinn eng 60.000 Leit aus dem Ëmfeld betraff, an hir Vertrieder si gewëllt, d’Rechter, déi d’UN-Konventioun hinnen an hire Schützlinge gëtt, och anzefuerderen.

Deel dëse Post: