An de leschte Jore koum et zu enger Serie vu Sprengattacken op Bancomaten déi einfach keen Enn fënnt. Eleng an de leschten Deeg koum et zu Nidderkäerjeng an zu Esch-Sauer zu zwou weideren Attacken. Fir déi betraffe Banken an hir Clienten e Misär ouni Enn. Fir d’ADR steet fest: D’Recht op Sécherheet gëllt selbstverständlech och onageschränkt fir eis Finanzinstituter. Wéi kann et sinn, datt d’Regierung hirer elementarer Aufgab an dësem Beräich ewell scho sou laang net méi nokënnt?