Ëmmer nees Stroossennimm a geographesch Begrëffer

Uerts- a Stroossenimm op Lëtzebuergesch sinn enger Hallschent vun eiser Bevëlkerung geleefeg, där anerer dacks guer net. Detailler ronderëm deen Thema wëllen de Fernand Kartheiser an de Fred Keup an enger parlamentarescher Fro beäntwert kréien. Do geet ët ënner anerem och ëm d’Uertsnimm op Gebaier … wéi de Garen.

Déi opgeworfe Problematik ass ganz intressant. D’Äntwert vun den zoustännege Ministere weist awer, datt déi beschte Ressourcen näischt déngen, wa sech op Staats- a Gemengeniveau net dru gehale gëtt.

 

Deel dëse Post: