E’maischen zu Nouspelt: Net fäerten, fir haart Nee ze soen

Nee, Nee, Nee ass net schlecht ukomm op der Nouspelter E’maischen. Hei hat d’ADR wéi dacks hiren Informatiounsstand. Mä net nëmmen d’Ouschtereeër stoungen do am Mëttelpunkt. Mir hu profitéiert, fir an der Ëffentlechkeet eise Nee Nee Nee beim Referendum vum 7. Juni ze erklären. Mat groussem Succès! D’Leit fäerten net méi fir hir Meenung ze soen, och wann d’Medien an d’Regierungsparteie weider maachen, wéi wann nëmme Rassiste kinnte géint d’Auslännerwalrecht sinn. A munchereen, deen op der E’maischen de Button mat Nee um Revers hat, huet eis gesot, et wier genuch a stoung laang bei eis ze diskutéieren … och wann e virdrun net direkt zu eise Sympathisante gezielt huet. Grad fir déi Leit hat d’ADR och Dokumentatioun parat … en Dépliant a méi eng ausféierlech Broschüre (Download hei). Well genuch gudd a wuel iwwerluete Grënn fir beim Referendum Nee Nee Nee ze stëmme gëtt et sécher. Dofir brauch een sech sécher net ze schummen.

Deel dëse Post: