Elterecongé: intressant awer schlecht gereegelt!

D’Gesetz, dat eng Modifikatioun vun den Dispositiounen am Aarbechtsrecht virgesäit, huet d’ADR net matgestëmmt. Wéi de Fernand Kartheiser erkläert, huet d’Partei sech hei enthalen, well dëst Gesetz ze vill Kritikpunkten an sech dréit. Ënnert anerem gesäit si net an, firwat déi positiv Modifikatiounen nëmme fir de private Sektor gëlle sollen. Et weess och nach keen, wat all déi Mesure kaschte wäerten, keen onwichtege Punkt am Kontext vun engem Staatsdefizit. Ausserdem muss den Interêt vun den Entreprisen hei och berécksiichtegt ginn.

Deel dëse Post: