D’Automobiliste déi reegelméisseg vun Iechternach oder aus enge vun den Nopeschgemengen an d’Stad fueren, kennen e mëttlerweil nëmmen all ze gutt: de Chantiersradar tëschent Grolënster an der Schanz. Eng Moossnam, déi zum Schutz vun de betraffene Bauaarbechter duerchaus Sënn mécht. Just, et fanne scho säit Woche keng sichtbar Aarbechte méi statt an d’Vitesslimitte sinn och nees opgehuewen. E Baustelleradar ouni Baustell sou ze soen. Ma kéim deen Apparat op anerer Plaz net méi effizient zum Asaz? Oder geet et einfach drëm, d’Leit op enger Streck, déi schonn de gréngen Autohaasser François Bausch als “Versuchslabor” bezeechent huet, nach weider ze iwwerwaachen? Den neien ADR-Norddeputéierte Michel Lemaire leet mat senger éischter parlamentarescher Fro gläich de Fanger an d’Wonn:
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Verkéiersminister weiderzeleeden.
An der Äntwert op déi parlamentaresch Fro Nummer 2936 vum honorabelen Deputéierten André Bauler no der Gesamtunzuel vun de Verkéiersradare schreift d’Madamm Minister ënner anerem, datt Lëtzebuerg aktuell iwwer “2 Chantiersradare fir d’Vitess” verfüügt.
Op der “Iechternacher Streck” N11 kënnt tëschent der Schanz a Grolënster säit iwwert engem Mount en entspriechende Chantiersradar zum Asaz. Dat wuel, fir wärend der Ausféierung vun deenen am ministerielle Reglement vum 17. September iwwert d’Securisatioun op der N11 festgeschriwwenen Aarbechten, déi entspriechend Vitesslimitten ze kontrolléieren. Esou wéi vill Automobiliste berichten, ass awer no enger Phas vun ursprénglechen Aarbechten, déi offenbar d’Erneierung oder d’Securisatioun vun de Leitplanken zum Zil haten, säit Wochen näischt méi geschitt. Anescht wéi am zitéierte Reglement virgeschriwwen, si sämtlech Iwwerhuelspueren nees fräiginn an d’Vitesslimitt a béid Richtunge bedréit nees 90 Stonnekilometer. E finalen Datum, bis wéini d’Aarbechte sollen ofgeschloss ginn, ass am Reglement vum 17. September net festgehalen.
An deem Zesummenhang géif ech der Madamm Verkéiersminister gär dës Froe stellen:
- Goufen d’Aarbechten aus deem uewe genannte Reglement mëttlerweil ofgeschloss? Falls net, wéi eng Aarbechte stinn nach aus a wéi erkläert d’Madamm Minister an deem Fall déi laang Phas vun den Ënnerbriechungen?
- Firwat kënnt de Chantiersradar op där genannter Plaz duerchgoend zum Asaz, obwuel nëmme wärend enger kuerzer Phas dovun tatsächlech Aarbechte stattfonnt hunn? Bis wéini ass den Asaz vun deem Radar op dëser Plaz virgesinn? Wier de Radar am Sënn vum Schutz vun de betraffene Bauaarbechter net méi effizient op enger Plaz agesat, wou tatsächlech Aarbechte stattfannen, dat op d’mannst fir déi Zäit, wou d’Aarbechten op der N11 gegeebenefalls ënnerbrach sinn?
Existéiere spezifesch sécherheetstechnesch Ursaachen, firwat de Radar zousätzlech zu deenen zwee fixe Radaren, dem Streckeradar souwéi de reegelméissege mobille Kontrollen iwwert d’Gesamtlängt vun der Streck, ausgerechent op der N11 opgestallt gëtt?