Éischt Klass am Zuch – wierklech éischtklasseg?

Déi éischt Klass am Zuch muss weiderhin deelweis selwer bezuelt ginn. Vill Leit maachen dat esou guer gären, fir wärend der Faart hir Rou ze hunn. Gëtt d’éischt Klass och vun deene respektéiert, déi fir näischt matfueren a virun allem, kritt se vun offizieller Säit déi néideg Unerkennung? Eng parlamentaresch Fro vum Jeff Engelen:

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Verkéiersminister weiderzeleeden.

Säit fënnef Joer ass den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg gratis, bis op d’Ausnam vun der éischter Klass am Zuch. Hei mussen d’Leit deelweis esou guer indirekt méi bezuelen, well vill Patrone virdrun d’Käschte fir en Abonnement vun der zweeter Klass iwwerholl hunn, an d’Leit just d’Käschte fir den Zousaz aus eegener Täsch hu misse begläichen. Esou wéi rezent a verschiddene Presseartikelen ze liese war, hunn awer weiderhi vill Clienten, trotz deenen indirekten Zousazkäschten, weiderhin eng Präferenz fir dës éischt Klass. Generell begrënnen si déi Decisioun mat der Qualitéit an dem zousätzleche Confort wärend der Faart.

Ëmmer erëm kënnt awer och vir, datt Passagéier sech iertemlech heihinner sëtzen, wouduerch déi Leit déi fir hir Rou bezuelt hunn, trotzdeem gestéiert ginn. Doriwwer eraus kann d’Zuchpersonal am Fall vun engem erhéichte Passagéieropkommes och decidéieren, d’éischt Klass allgemeng fräi ze ginn, wouduerch déi betraffe Cliente fir näischt bezuelt hunn.

An deem Zesummenhang géif ech der Madamm Verkéiersminister gär dës Froe stellen:

  • Gëtt d’éischt Klass am Zuch weiderhi systematesch kontrolléiert? Falls net, firwat net?
  • Mussen déi Leit, déi sech iertemlech an d’éischt Klass gesat hunn, bei enger Kontroll automatesch en entspriechenden Ticket nokafen, fir Mëssbrauch ze verhënneren? Falls net, firwat net?
  • Wéi dacks gouf déi éischt Klass säit dem 1. Mäerz 2020 insgesamt deklasséiert?
  • Op wéi engem Wee kënnen déi betraffe Passagéier am Fall vun sou engem Deklassement eng Entschiedegung fir déi entspriechend Faart ufroen?
  • Kann d’Madamm Minister am Sënn vun der Fro virdrun, eng Tabell presentéieren, déi regruppéiert wéi vill deementspriechend Ufroen op Entschiedegung säit dem 1. Mäerz 2020 pro Joer insgesamt gestallt, wéi vill der accordéiert goufen a wéi ee Käschtepunkt se jeeweils verursaacht hunn?

 

Deel dëse Post: